Faites un don

Porte Ouverte 2023

11.06.23 - 11.06.23|11h30
Mutferter Haff
D’Mathëllef asbl lued iech ierch härzlech op seng dësjäreg Porte Ouverte um Mutferter Haff an, de Sonndeg de 11. Juni vun 11h30 bis 18h00. Verbréngt also ee flotten Dag gefëllt mat vill Animatioun fir Grouss a Kleng, a genéisst dobäi eisen eenzegaartege Kader.
Et gëtt Iessen, Drénken & Animatioun fir di ganz Famill :
-Concerte mat den Dëppegéisser,
-Päerds-Show,
-Ponyreiden (begrenzt Plazen),
-mat der Kutsch fueren (begrenzt Plazen),
-Intefëschen,
-Kannerschminken,
-Sprangschlass
-…
Bei schlechtem Wieder ass d’Animatioun an der Reithal.
Bis geschwënn, um Mutferter Haff!