Porte Ouverte um Mutferter Haff

11.06.22 - 11.06.22
Mutferter Haff
Am Kader vu sengen 10 Joer, lued de Mutferter Haff ierch härzlech op seng dësjäreg Porte Ouverte de Samsden de 11. Juni vun 11h30 bis 20h00. Verbréngt also ee flotten Dag gefëllt mat vill Animatioun fir Grouss a Kleng, a genéisst dobäi eisen eenzegaartege Kader.
Et gëtt Iessen, Drénken & Animatioun fir di ganz Famill :
-Concerte mam DJ Lungo & Mil,
-Päerds-Show,
-Ponyreiden (begrenzt Plazen),
-mat der Kutsch fueren (begrenzt Plazen),
-Dousewerfen,
-Kannerschminken,
-Sprangschlass
-…
Bei schlechtem Wieder ass d’Animatioun an der Reithal.
Bis geschwënn, um Mutferter Haff!

Voir moins

Impressions Porte Ouverte um Mutferter Haff