Faites un don

Wanterfest um Mutferter Haff

26.11.21 - 26.11.21|18h00 - 23h00
Mutferter Haff - Brasserie Beim Pier

De Mutferter Haff lued ierch härzlech op sein dësjäregt Wanterfest de Freiden de 26. November vun 18h00 bis 23h00. Verbréngt also ee flotten Owend gefëllt mat Animatioun fir Grouss a Kleng, a genéisst dobäi eis Reithal déi fir den Ulass festlech dékoréiert gëtt.
Maacht och mat bei eis « Spiele ohne Grenzen »! Mellt iech dofir den Owend selwer un.
Et gëtt Iessen, Drénken & Animatioun fir di ganz Famill :
· Wantermaart & gratis Bastelatelier fir Kanner
ab 18h30:
· Ponyreiden ( limitéiert Plazen )
· Kleeschen
ab 20h00:
· Spiele ohne Grenzen (Umeldung op der Plaz)
ab 21h 00:
· Concert vun der « Y Blues Band »
an der Brasserie « Beim Pier »
Covid-Check Event !
Bis geschwënn, um Mutferter Haff!

Impressions Wanterfest um Mutferter Haff